Déi kleng Raup

D'Geschicht vun der klenger Raup zielt vum Liewe vum Lotta an hire Frënn a vun der spannender Fro: Wat gi mir no eiser Verwandlung?D'Lotta a hire dräi klenge Kolleege si glécklech Raupekanner. Sie krabbele gär ronderëm oder spille Verstoppches op der grousser Wiss op der si wunnen.Enges Daags kënnt eng al Raup laascht an zielt hinne vum Verpoppen. Déi véier Frënn si ganz opgereegt a probéieren zesummen eraus ze fannen, wat et domadder wuel op sech huet.Wéi si endlech rausfonnt hunn, dass si sech duerch d'Verpoppe wäerte verwandelen, ass d¿Virfreed grouss a si iwwerleeën zesummen a wat fir Déiere si sech wuel wäerten entwéckelen. Nodeems si all hir fantastesch Iddien duerchgespillt hunn, ass et och schonn un der Zäit, fir sech ze verpoppen.No enger laanger Sich, fënnt d'Lotta hire Frënn endlech erëm, mee si gesi ganz aneschters aus wéi hatt. Obwuel déi Dräi net méi frou mat him sinn, ass d¿Lotta an der Nout awer eng eescht Frëndin a sou fannen si zesummen eraus, dass Frëndschaft awer vill méi wichteg ass wéi Schéinheet.

28,50 CHF

Lieferbar


Artikelnummer 9783755752394
Produkttyp Buch
Preis 28,50 CHF
Verfügbarkeit Lieferbar
Einband Fester Einband
Meldetext Libri-Titel folgt in ca. 2 Arbeitstagen
Autor Rose, Kerstin
Verlag Books On Demand
Weight 0,0
Erscheinungsjahr 20220712
Seitenangabe 42
Sprache ger
Anzahl der Bewertungen 0

Dieser Artikel hat noch keine Bewertungen.

Eine Produktbewertung schreiben